Virun 61 Joer ass ee klenge Mënsch an eng Famill gebuer ginn.
Dee klenge Mënsch war ee léift Kand.
Ee kreativt Kand.
Een intelligent Kand.
Een oft schon erwuessent Kand.
Een Erwuessene mat Charme,
mat Humor,
mat Energie,
mat Kraaft
a mat Wellensstärkt.
Een Erwuessene
mat vill Léift am Häerz.
Een Erwuessene dee sech säi Wee duerch d Liewe geschloe huet.
Een Erwuessene dee wollt elo esou vill Erliewe.
Esou vill spieren.
Esou vill laachen.
Esou vill weisen.
Esou vill zielen.
Esou vill léieren.
Een Erwuessene dee seng lescht Missioun,
seng lescht grouss Aufgab,
seng lescht schéin Aufgab,
net dierft erfëllen.
Deen Erwuessene, bass du.
Eis Mamm.
Elo. Fir emmer. Fir eiweg.