Eenzegaarteg Gedenksäit individuell gestalten

D'Erstellen an d'Gestalte vun enger Gedenksäit ass denkbar einfach: an nëmmen dräi Schrëtt zu enger fäerdeger Säit – vun der Themenauswahl aus virdefinéierte Motiver, iwwert d'Ausfëlle vu perséinlechem Inhalt bis zur integréierter Online-Bezuelung.

D'Offer gedenken.lu:

  • volle Funktiounsëmfang ouni zousätzlech Käschten
  • onbegrenzt Unzuel vun Biller a Videoen
  • keen Abo
  • Lafzäit 1 Joer fir nëmmen 49 Euro TTC
Gestalt elo eng ganz perséinlech Gedenksäit

Är Gedenksäit gëtt fonnt, nëmmen wann Dir dat wëllt

Är Gedenksäit gëtt an der Sich no Resultater no der Relevanz, der Uertschaft, dem Gebuertsdatum oder Stierfdatum sortéiert. Duerstellung vun den eenzelne Gedenksäiten ass an de Faarwe vum Thema mat enger Foto an dem Numm vum Verstuerwenen, dem Gebuerts- a Stierfdatum an der Uertschaft. Dir kennt natierlech och Är Gedenksäit aus der Sich eraushuelen an d'Säit privat mat deenen, déi traueren deelen.

D'Perséinlechkeet vum Verstuerwenen am Bléck

eenzegaarteg, individuell gestalt Gedenksäit ouni Hindernisser-
kann och zesumme mat anere gestalt ginn

Foto a Video Galerien
Iwwert d'Galerie kennt Dir esou vill Fotoen a Video eroplueden wéi dir wëllt. Dir kënnt se och a Kategorien andeelen (Familljefest, Vakanz etc.), fir se bei enger Sich ze filteren.

Noruff
Den Noruff fir de Verstuerwenen ass net an der Gréisst limitéiert. Famill a Frënn kënnen deemno hirer Trauer fräie Laf loossen an onbegrenzt schreiwen.

Gedenkkäerzen
D’trauernd Persounen hunn d’Méiglechkeet, eng virtuell Gedenkkäerz mat engem Bild an engem klenge Message fir de Verstuerwenen unzefänken. Fir eng Gedenkkäerz unzefänken, muss een net op der Säit registréiert sinn.

Liewenslaf
De Liewenslaf gëtt op enger Zäitschinn duergestallt a gefëllt mat Fotoen, Texter an der Méiglechkeet, den Inhalt vun engem Drëttubidder (YouTube, Instagram, Wikipedia, Twitter,etc...) anzebannen.

Erënnerungen
Am Beräich „Erënnerungen“ kënnt Dir Erliefnisser, déi Dir mam Verstuerwenen hat, deelen.

Familljekrees
Mir hunn de Familljekrees entwéckelt, fir d’Famill an d’Frënn vum Verstuerwenen zesummenzebréngen. Dir kënnt och aner Kontakter iwwert Email invitéieren, andeems dir de Familljekrees notzt.

Dir gesitt ëmmer direkt dat fäerdegt Resultat.

No all Beaarbechtung gëtt Är Gedenksäit direkt aktualiséiert. Dir hutt esou ëmmer den Iwwerbléck iwwert all Ännerung, déi gemaach gouf.

kompatibel mat all modernem Gerät

Ob Dir Är Gedenksäit mat engem Computer oder engem Smartphone ukuckt – se gëtt ëmmer optimal duergestallt.