FAQ & Hëllef

Hei fannt Dir verschidden oft gestalte Froe mat hiren Äntwerten. Wann Dir eng Fro hutt, wou Dir op dëser Säit keng Äntwert fannt, kënnt Dir eis gäre per E-Mail kontaktéieren: service@gedenken.lu.

Gedenken.lu ass e Gedenkportal mat enger neier Approche fir zesummen ëm e Verstuerwenen ze traueren. Dir hutt d'Méiglechkeet, eng Premium-Gedenksäit ze buchen an Är Famill, Frënn a Bekannten ze invitéieren, fir aktiv dem Verstuerwenen ze gedenken, andeems si, wann Dir hinnen d’Berechtegunge gitt, Fotoen, Videoen, Erënnerungen a Momenter aus dem Liewen dobäisetzen.
Op all Gedenksäit, déi Dir erstallt hutt oder geréiert, hutt Dir déi voll Kontroll iwwert all Inhalter. Je nodeems, wéi Är Sécherheetsastellung (Privatsphär) vun Iech definéiert gouf, gëtt de Grad vun der Verëffentlechung vun den Inhalter beaflosst. All Texter, Biller, Videoen, etc... ginn Iech als Administrator fir d’éischt fir d‘Fräigab zur Verfügung gestallt. Et kommen also keng ongewollten Inhalter op Är Gedenksäit. Dir hutt d’Méiglechkeet, dës Fräigab-Funktioun och u Leit vun Ärem Vertraue weiderzeginn. Detailer fannt Dir ënnert: Datenschutzerklärung